Fr

01

Mai

2009

Nicolas Schmit am Oste vir.

Politbarometer am "Tageblatt": Nicolas Schmit am Oste vir

RTL - 01.05.2009, 17:46 - Fir d'lescht aktualiséiert: 01.05.2009, 17:54

N. Schmit (LSAP) virun O. Modert (CSV) an H. Kox (Déi Gréng): Vun de Politiker am Oste solle si méi eng grous Roll spillen, esou eng Tageblatt-Ëmfro.

De Samschdeg publizéiert d'Tageblatt den 1. Deel vun sengem leschte Politbarometer vrun de Wahlen an zwar d'Resultater fir de Bezirk Osten.

D'Leit goufe vun TNS-Ilres gefrot, wie vun enger Rëtsch genannter Persounen eng méi grouss Roll spille soll. Déi 3 Éischt am Osten:

1. Nicolas Schmit (LSAP): 55 % (+ 7% am Verglach zum Dezember 2008)
2. Octavie Modert (CSV): 52 % (- 5 %)
3. Henri Kox (Déi Gréng): 51 % (+ 4 %)

Et ass déi éischte Kéier, datt de Nicolas Schmit un 1. Plaz kënnt. De Fernand
Boden, laang Zäit d'Nummer 1 an dësem Wahlbezierk, rutscht op d'Plaz 6 mat 46 %
(-5%). Am Dezember 2008 wor hien nach op Plaz 2, hannert dem Octavie Modert.
Den éischten DP-Vertrieder, de Carlo Wagner, kënnt op d'Plaz 8 mat 32 % (wéi
2008). De Robert Mehlen (ADR) op Plaz 9 mat 26 Prozent (+3 %).

Weider Detailer e Samschdeg am Tageblatt. E Méindeg presentéiert d'Escher Zeitung dann de Wahlbezierk Norden.

Trackback-Url für diesen Artikel


Trackbacks / Pingbacks: 3