So
31
Mai
2009
Opruff d'LSAP de 7. Juni ze stëmmen!
An e puer Deeg gi mir wielen, e wichtege Moment an enger Demokratie. Mir entscheeden iwwert déi zukünfteg Ausriichtung vun der Politik fir eist Land.
Als Kandidat op der Lëscht 4 vun der LSAP am Osten wier ech frou wann Dir mir a mengen Kolléjen vun der LSAP Aer Stëmmen géift gin, grad elo an dëser Krisenzäit, wou et drëm geet, sech nei opzestellen fir eis Zukunft nei ze gestalten.
Mir brauche eng nei Dynamik an der Politik, besonnesch am Osten. Mir mussen ons Wirtschaft erneieren an dobäi op Innovatioun an Initiativ, a besonnesch op Kleng- a Mëttelbetriiber setzen. Och eis landwirtschaftlech Betriiber brauchen an dësen schwierejen Zäiten méi Ennerstëtzung vun der Politik, wéi dat bis elo de Fall war.
Eng aktiv Ëmweltpolitik, déi awer net iwwerall weider laangwiereg a komplizéiert Prozedure schaaft, bleiwt eng Prioritéit. D’Reformen an der Schoul musse konsequent ëmgesat ginn.
Mir Sozialiste sti fir eng zolid Sozialpolitik, déi mir elo grad an dëser Krisenzäit brauchen. Besonnesch déi jonk Leit mussen eng Chance kréien, och weider eng gudd a sécher Aarbechtsplaz ze fannen. Si mussen och kënnen op sozial Solidaritéit ënner anerem bei der Kannerbetreiung a beim Wunnen zielen.
Eis sozialistesch Equipe fir den Osten setzt sech fir eis gemeinsam Ziiler an Interessen mat aller Energie an.
De 7. Juni brauche mir dofir Äert Vertrauen.
Merci am Viraus fir Aer Ënnerstëtzung,
Marc PITZEN





