Do
11
Jun
2009
MERCI!
Merci !
Ech wëll ménge Wielerinnen a Wieler e grousse Merci soën fir d’Vertrauen, dat sie mir de 7 Juni geschenkt hun. Ech sie frou fir jiddfer eenzelnen die mech ënnerstëtzt huet, siew et duerch seng Hëllef virun de Wahlen oder seng Stëmm déi e mer gin huet. Ech hu mech besonnech gefreet iwer déi Léit, déi mech nôm Wahlsondeg contactéiert hun, a mir och weiderhin hir Ënnerstetzung zougesôt hun.
D’LSAP ass am Osten als jonk Equipe opgetrueden an huet sech gudd geschloën. Mir hätten vléicht kënnen nach e besser Resultat machen, wann a verschiddenen Gemengen nët esou selektiv gewielt gi wier. Firwat dat esou ass, bléiwt an deenen nächste Wochen ze klären.
Elo wëll ech mech erëm verstärkt ëm meng Gemeng Bech këmmeren, wou ech e Sonden vill Zoustëmmung vun de Biergerinnen a Bierger kritt hun, wat ech och als eng Unerkennung fir meng Aarbecht als Buergermeeschter an elo als Scheffen ugesinn.
Och hinnen e grousse Merci, sie kënne weider op mech zielen.
Marc PITZEN
Trackback-Url für diesen Artikel
Trackbacks / Pingbacks: 3
- jmjca (2012-02-04 02:16:41)
- Sites we like (2012-01-19 11:57:36)
- Great website (2012-01-13 20:34:51)





