Iwwert mech
Marc PITZEN
Bech, 46 Jar
1. Scheffen vun der Gemeng Bech
Buergermeeschter 2005-2008
Privates
Ech wunnen zu Bech a sinn zanter 1997 bestued mam Chantal Classen a Papp vun engem Bouf, dem Jo.
Kandheet
Ech sinn den 13.07.1962 gebuer, mäi Papp ass den Ed Pitzen a meng Mamm d'Madeleine Ludewig. Mäi Brudder, de Jean-Claude Pitzen as 11 Joër méi jonk ewéi ech.
Meng Primärschull hun ech an der Gemeng Bech gemaach, deemols nach am 2 Klassesystem, an ouni Spillschoul, dat gouf et nach net op den Dierfer duemols. Mir haten eng flott a friddlech Jugend zu Bech, et war eng gemittlech Zäit fir d'Kanner, mir sin an d'Schull gangen, hu geléiert a gespillt, ouni dee Stress, dien haut vill Kanner hun fir Schull a Freizäit ënnert een Hut ze kréien, a wou oft nët vill Zäit bléift, fir ze spillen.
Jugend
No der Primärschull sinn ech an de Lycée Classique op Iechternach gaangen, wou ech d'Chance hat eng Réi interessant Professeren ze hunn, déi sech iwwert d'Schoul eraus fir déi Jugendlech
engagéiert hunn.
Ech si mat 15 Jâr Member vun der Becher Jugend ginn, e Veräin dien deemols eng grouss Wichtechkeet fir déi jonk Léit an der Gemeng hat. D'Transportméijlechkeete ware manner gutt ewéi haut, awer
d'Komerodschaft tëschent de Jonken aus dem Duerf an deenen aus ânere Gemengen war emsou méi grouss. Et war d'Zäit vun de Rallye Pédestre, de Footballtournoien an de Wäifester op der Musel. Et war
awer och zu Bech déi legendär Zäit vun de Sylvesterpartiën an der Tunneldisco, Manifestatiounen, déi ech vun Ufank u mat organiséiert hunn.
Mir wollten deemols en eegent Jugendhaus hunn, dank isem Asatz mat engem dynamesche Präsident vun der Becher Jugend, dem Marc Weides, an dem Buergemeeschter Marcel Niederweis, dien en oppent Ouer fir d'Jugend hat, konnte mir schonns 1987 e Jugendhaus zu Bech aweien, en Haus dat mir an Eegeregie bannendran renovéiert hunn, a mat isem Geld, deem vun der Gemeng a vum Staat finanzéiert hun. Mir hunn duerno dat Haus selwer verwalt, ouni datt d'Gemeng is dra geschwat huet, esou ewéi ech dat och duerno als Buergermeeschter vun der Gemeng Bech gehaalen hun.
En anert Engagement war ech an de Scouten vun der FNEL zu Iechternach agaang, als Explorer an duerno als Chef vun de Wëllefcher, wou ech konnt mat gudde Kolleegen flott Aktivitéiten fir d'Kanner organiséieren.
Politesch hunn ech mech deemols an de Jeunesses Socialistes engagéiert, eng Organisatioun, wou ech och während kuerzer Zäit de Generalsekretär war.
Beruffleches
Ech hu während 22 Jar als Beamten am Ausseministär geschafft, „meng" Ministren waren de Jacques F. Poos, d'Lydie Polfer an de Jean Asselborn. Den Ausseministär war eng wichtech Zäit fir mech, wou ech eng Réi interessant berufflech Erausfuerderungen hat.
Zanter 2006 hun ech op Iechternach gewiesselt an de Regionalbüro vun der Schoulinspektioun, e Büro deen zoustänneg ass fir d'Précoce, Spill- an d'Primärschullen vu 16 Gemengen aus dem Osten an 3 Gemengen am Zentrum.
Gemengepolitik
Ech si mat 25 Jar fir d'éischt an de Gemengerot vu Bech gewielt ginn, deem ech zanter deem ouni Ënnerbriechung ugehéieren. Ech war 6 Jar Conseiller, a 15 Jar Member vum Schefferot, dovun déi lescht 3 Jar als Buergermeeschter. Ausserdem vertrieden ech d'Gemeng Bech an de Gemengesyndikater SYNECOSPORT, SIGRE a SIDEST. Méi iwwer mäi kommunalpoliteschen Engagement fannt Dir hei.
LSAP
A menger Jugend hunn ech mech an de Jeunesses Socialistes engagéiert, eng fir d'Partei wichteg Organisatioun wou ech och während kuerzer Zäit de Generalsekretär war. Ech si zanter 1984 Member vun der LSAP, war lang Zäit Member vum Comité vun der Iechternacher LSAP-Sektioun a sinn haut Member vun der Sektioun Mëllerdall.
Veräinsliewen a Fräizäit
Am Veräinsliewen engagéieren ech mech als Präsident vum KonschtBecher, e Veräin deen am kulturelle Beräich aktiv ass. Mir organiséieren an onreegelméissejen Ofstänn kulturell Manifestatiounen ewéi
z.B Cabaretsowender oder Concerten um Duerf, hunn eng laangfristech Aktioun, déi heescht "E Konschtwierk fir all Duerf", iise Veräin huet och zu Weimar un der Déierenprozessioun deel geholl.
Wichteg ass mir och de sportlechen Engagement fir Kanner a Jugendlecher, duerfir sinn ech Member vun der Jugendkommissioun vum FC Berdenia Berbourg. Et ass mir wichteg, datt mir en aktiven Jugendberäich zu Berbourg opbauen, d'Gemenge Manternach a Bech hunn zanter 2005 eng ganz modern Sportsinfrastruktur zu Berbourg stoen, et gëllt se fir d'Kanner an d'Jugend aus der Géigend ze notzen
An meenger Fräizäit sinn ech gären dobaussen an der Natur, ech liese gär an ech reese gär mat menger Famill an de Kolleegen.
Duerch meng Erfahrung an der Gemengepolitik, awer och duerch mäi Beruf sinn ech mat ville Problemer vun de Leit vertraut. Besonneg hunn ech mech awer ëmmer fir Familljen- a Schoulpolitik an natirlech och fir Gemengepolitik intresséiert.